Kampf géint Tuberkulos

Tuberkulos gëtt vu Bakterie verursaacht, betrëfft a ville Fäll d’Longen a verursaacht ënner anerem en Huscht als éischt Zeechen. Awer och bal all aner Organer kënne vun de Bakterie betraff sinn a schlëmm Krankheete verursaachen. Och wann Tuberkulos hei zu Lëtzebuerg éischter selten ass, goufen et Enn 2022 zu Lëtzebuerg zum Beispill zwee Fäll vun Tuberkulos an enger Schoul respektiv Maison Relais.

Rezent huet den amerikanesche Präsident Donald Trump quasi iwwer Nuecht sämtlech Gelder fir de Programm USAID sträiche gelooss. E groussen Deel vun de Programmer, déi weltwäit am Kampf géint Tuberkulos aktiv sinn, goufe bis elo awer zu groussen Deeler finanziell vun USAID ënnerstëtzt. Opgrond vun de feelende Gelder goufe vill Programmer elo kuerzfristeg gestoppt a betraffe Leit weltwäit kënne weder diagnostizéiert nach behandelt ginn. Déi feelend Behandlung kéint innerhalb vun de nächste Méint am schlëmmste Fall zu enger weltwäiter Ausbreedung vun Tuberkulos féieren, dorënner och vu resistente Bakteriestämm. Och wann den amerikanesche Minister Rubio matgedeelt huet, dass liewenswichteg Programmer weidergefouert géife ginn, sou schéngt dat awer net fir d’Tuberkulos-Programmer ze gëllen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi preparéiert sech Lëtzebuerg op potenziell nei Tuberkulos-Infektiounen, déi aus Länner komme kéinten, wou USAID-finanzéiert Diagnos- a Behandlungsprogrammer elo gestoppt goufen?

  2. Gëtt et op nationalem oder op EU-Niveau schonn en Noutfallplang fir zousätzlech medezinesch Ressourcen ze mobiliséieren, falls d’Ausbreedung vu resistenter Tuberkulos weltwäit zouhëlt als Folleg vun dëser Ënnerbriechung?

  3. Wéi ka garantéiert ginn, datt Lëtzebuerger Bierger virun enger méiglecher Erhéijung vun der Tuberkulos-Bedrohung geschützt sinn, besonnesch wann d’Diagnos- an d’Behandlungsprogrammer an Héichrisiko-Länner amgaang sinn zesummenzefalen?

  4. Wäert Lëtzebuerg zousätzlech finanziell Ënnerstëtzung ubidden, fir den Ausfall vun den amerikanesche Gelder fir Tuberkulos-Bekämpfung ze kompenséieren?

  5. Ginn konkret Moossname geholl, fir eist Gesondheetswiesen op eng méiglech méi héich Unzuel u Fäll ze preparéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1994

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene