Congé de maladie: 78 Wochen an dann ass Schluss

All Mënsch kann am Liewen op mannst eng Keier schweier krank ginn. Fir deenen ze hëllefen, déi aus Krankheetsgrënn net schaffe kënnen, existéiert de Congé de maladie, deen dofir geduecht ass, dass d’Leit während enger Krankheet net an d’Aarmut rutschen a weiderhin hire Salaire kréien, bis et hinnen erëm besser geet. De Congé de Maladie schaft Solidaritéit a Vertrauen an d’Gesellschaft an ass eng wichteg sozial Errungenschaft, déi onbedingt muss beibehale ginn a virun allem deene Leit zegutt kommen, déi e brauchen.

Zënter enger Ofännerung vum Gesetz vum 10ten August 2018 iwwerhëllt d’CNS de Salaire vun enger krankgeschriwwener Persoun fir eng maximal Dauer vun 78 Wochen.  

Et ass awer esou, dass verschidde Krankheetsverleef méi laang dauere kënnen, wéi 78 Wochen. D’Deadline vun 78 Woche kann eng krank Persoun awer och an d’Laberenten bréngen an onnéidege psychologeschen Drock verursaachen, well si weess, dass vun engem Dag op den aneren d’finanziell Situatioun kann dréinen. No 78 Wochen muss déi krank Persoun selwer kucken, wéi et fir si weidergeet. Da bleiwe vu staatlecher Ënnerstëtzung nëmmen nach Hëllefen, wéi de Reclassement oder d’Invaliderent. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Opgelëscht pro Joer an zënter 2019, wéi huet sech d’Zuehl u Persounen entwéckelt, déi an engem Joer méi wéi 77 Deeg am Krankeschäi waren?

  2. Fir déi selwecht Oplëschtung, wéi vill Persounen hunn an engem Joer d’Maximaldauer vun den 78 Wochen Krankeschein iwwerschratt a kruten deemno keng Indemnité de maladie méi?

  3. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1558 vun 2015 goufen Informatiounen geliwwert, wat mat deene Persoune geschitt ass, déi d’Maximaldauer vum Krankeschein iwwerschratt hunn. Kann d’Ministesch d’Zuelen fir d’Joren 2019 bis 2024 virleeën?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2005

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene