Nohaltëg Investitiounen vum Pensiounsfong

Virun de Walen war d’Steierdebatt ee vun den Haaptthemen an der politescher Aktualitéit. D’Aktualitéit vun der Steierreform gouf awer, zënter dem Untrëtt vun dëser neier Regierung, vun der Pensiounsdebatt ofgeléist, obwuel et an de Walen wéineg bis guer keen Thema war. 

Een Thema, wat beim Pensiounsfong an de leschte Joren virun allem behandelt gouf war, wéi d’Suen vum Fong sollen investéiert ginn. Iwwert 20 Milliarden Euro gi vum Pensiounsfong verwalt. 

An der Vergangenheet gouf et Kritik, dass d’Suen a schiedlech Projeten investéiert ginn, dorënner zum Beispill Atomenergie oder d’Waffenindustrie. D’Ministesch schreift an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro n°434, dass haut 100% vun de Mandater vum Pensiounsfong mat engem nohaltëgen Usaz verwalt ginn.
An engem Artikel op rtl.lu vun haut gëtt beriicht, dass de Pensiounsfong an Zukunft erëm an 18 Societéiten dierf investéieren, dorënner beispillsweis Rëschtungskonzerner ewéi Rheinmetall AG oder Hensoldt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi kënne déi Leit maachen, déi net domadder averstane sinn, dass hir Cotisatiounen a Rëschtungskonzerner investéiert ginn? 

  2. Wéi stinn d’Ministesch an d’Regierung zu engem System, an deem de Bierger selwer bestëmme kann (zum Beispill mat engem Klick op myguichet.lu), ob de Pensiounsfong seng Cotisatiounen an ethesch a klimafrëndlech Projeten investéiert oder net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1991

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene