“Mir musse kämpfen an d’LGBTIQ Communautéit vernichten.”
Dës Ausso, déi eng Persoun mat vill Haass op de soziale Medie geschriwwen huet, gouf viru kuerzem vun engem gewieltene Vertrieder vun der Partei ADR “geliked”.
An engem Tweet vum 25te Februar deit en Deputéierte vun der ADR, Jo, alt nees déi vum ADR, esouguer un , dass ee Vergewaltegungen duerch eng Reduktioun vun Asylantenzuele verhënnere kann.
D’Aféierung vu konsequente Grenzkontrollen an Europa , an den Austrëtt vun Däitschland aus dem UN-Migratiouns- a Flüchtlingspakt, ginn och an Däitschland vun der zweetstäerkster Partei , der AFD, gefuerdert.
Immigratioun a Kriminalitéit gi gläichgesat.
Esou sinn an enger wëssenschaftlecher Etude an Däitschland, eng Majoritéit vu Wieler vun de gréisste Parteien an Däitschland, dorënner och vu Parteie wéi d’CDU, d’Accord mat der Ausso:
“Auslänner suerge fir eng méi staark Kriminalitéit.”
All dës Elementer hunn eng Saach gemeinsam: se kommen aus enger rietsextremer Ideologie an ziilen op Haass an op Angscht of. Et ass erschreckend festzestellen, wéi normal esou Gedanken an Haassproposen hautzudaags am Alldag zelebréiert ginn.
Europawäit sinn an deene leschte Joren ëmmer méi extreem Politiker a Politikerinnen a Parlamenter gewielt ginn, mat schwéiere Konsequenze fir d’Zesummenaarbecht, an den Zesummenhalt vun der Europäescher Unioun.
Déi extrem Parteien ginn ëmmer méi präsent a versichen d’Bierger an de jeeweilege Gesellschafte mat verdréite Wourechten, an, mat Angscht a populistesche Parolen, vun hiren extremen Ideologien ze iwwerzeegen.
Mir Piraten sinn der fester Iwwerzeegung, dass et elo heescht: dogéint halen!
Et ass un eis, fir d’Stëmm ze erhiewen, an de Mënschen an Europa ze weisen, dass et Alternativen zu der Angscht, dem Haass an der Verzweiflung ginn.
Mir dierfen net op eidel Verspriechen erafalen, déi eise Kontinent ewech vun Demokratie a Meenungsfräiheet hin, zu engem autoritären, wann net souguer totalitäre System féiere wëllen, wat vill Leed fir jidderee brénge géif.
Mir brauchen eng Politik, déi op Hoffnung a Respekt opbaut. Op Menschlechkeet a Sécherheet fir jidder eenzelnen.
Mir Pirate sti fir een Europa, an deem all Mënsch seng Chancë soll kréien, egal wéi eng Hautfaarf, Nationalitéit oder Relioun en huet.
Eis Gesellschaft huet d’Rechter vu Minoritéiten ze respektéieren. Mir wäerten eis dofir all Form vun Diskriminéierung widdersetzen an eis Gruppéierungen entgéintstellen, déi d’Mënscherechter ugräifen an Haas verbreeden.