Upassung vun de Schoulzäiten

Déi aktuell Schoulzäiten am Fondamental, wou d’Kanner u verschiddenen Deeg no enger laanger Mëttespaus nach emol d’Schoulbänk mussen drécken, brénge vill Nodeeler fir d’Kanner, d’Elteren an d’Personal mat sech, grad a Gemengen, wou aktuell ee Mangel u Betreiungsplazen ass.

Eng Upassung vun de Schoulzäiten, wou d’Schoulzäiten all Dag nämmlecht sinn (z.B. 8h00 bis 13h00 oder 7h00 bis 12h00) kéint bei de Kanner de Stress reduzéieren, deen de Wiessel Schoul-Maison Relais-Schoul mat sech bréngt. Den Elteren, déi mi-temps schaffen, géif dat erlaben, Mëttes méi Zäit mat hire Kanner ze verbréngen a fir d’Personal an de Maisons Relaise géif et de Planning méi einfach maachen. 

Weider Virdeeler vun neie Schoulzäite wieren am Transport bemierkbar duerch den Impakt op d’Stousszäiten, mee och op déi wirtschaftlech Attraktivitéit vu Lëtzebuerg, wann d’Beruffsliewen an d’Familljeliewen an ee bessert Equiliber kommen. Och Kultur a Bénévolat kéinte vu méi gereegelten Auerzäite profitéieren.
Am Koalitiounsaccord ass näischt Konkretes zu den Horairen an de Schoulen ze fannen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wéi eng Positioun huet dës Regierung zu der Ännerung vun de Schoulzäiten?
    Verschléisst si sech enger Upassung vun neie Schoulzäiten oder sicht si hei, zesumme mat de Leit um Terrain, no alternative Modeller?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1986

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene