Gemengeprimme fir de Kaf vu Vëloe

Aus rezenten Artikelen ass ervirgaangen, datt verschidde Gemenge weiderhi Primme fir de Kaf vu Vëloe ginn, obwuel et op nationalem Niveau Aschränkunge bei de staatleche Subventioune gëtt. Dës ënnerschiddlech Approche féieren zu Diskrepanzen an der Fërderung vum Vëlosgebrauch tëscht de Gemengen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng konkret Moossnamen ënnerhëlt de Ministère fir eng méi kohärent an eenheetlech Ëmsetzung vun de Vëlosprimmen op Gemengenniveau ze erreechen?

  2. Wéi kënnen d’Bierger besser iwwer hir Méiglechkeete fir Ënnerstëtzung beim Vëloskaf an hirer Gemeng informéiert ginn?

  3. Gëtt et Pläng fir eng Evaluatioun vun der Effektivitéit vun de verschiddene kommunale Fërderprogrammer op de Vëlosgebrauch? 

  4. Wéi kann de Ministère d’Gemengen am beschte bei hiren Efforten ënnerstëtze fir de Vëlosgebrauch op lokalem Niveau ze fërderen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1968

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene