Am Kontext vun der aktueller Situatioun am Ostkongo, wou d’M23-Rebellegrupp, déi laut UN-Experte vu Ruanda ënnerstëtzt gëtt, fir den Doud vun dausende Mënsche verantwortlech ass an d’Anhuele vun de Millioune-Stied Goma a Bukavu provozéiert huet, war en EU-Sanktioune-Pack géint ruandesch Offizéier an M23-Membere virbereet ginn.
Laut Presseberichter aus der Belsch a Lëtzebuerg huet den Här Ausseminister als eenzegen europäesche Vertrieder dës Sanktiounen op EU-Niveau blockéiert, wat zu enger gewësser Isolatioun vun der Lëtzebuerger Positioun gefouert huet.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi justifiéiert de Minister dës Blockad vun EU-Sanktiounen, déi vun all aneren EU-Memberstaaten ënnerstëtzt goufen?
-
Wéi erkläert de Minister d’Inkohärenz tëscht dëser Positioun an der Lëtzebuerger Haltung am Russland-Ukrain Krich, wou mir all Sanktiounen ouni Virbehalter ënnerstëtzt hunn?
-
Ass de Minister sech bewosst, dass Lëtzebuerg duerch dës Positioun eng Roll änlech wéi Ungarn an anere Konflikter anhuele kéint, an domadder riskéiert, dem Ruanda seng Argumentatioun ze iwwerhuelen, déi Sanktiounen als kontraproduktiv duerstellt?
-
Wéi eng Roll hunn déi wirtschaftlech Bezéiungen tëscht Lëtzebuerg a Ruanda, dorënner d’Kooperatioun tëscht de Finanzzentren, bei dëser Entscheedung gespillt?
-
Wéi wäert d’Lëtzebuerger Positioun sech entwéckelen, falls d’M23 weider militäresch virréckelt an d’humanitär Situatioun sech verschlechtert?
QP Nummer 1970