Apdikt fir Péiteng

 Wéi RTL den 18te Februar gemellt huet, ginn op sechs Plazen am Land nei Apdikten opgemaach. 

D’Opmaache vun Apdikten ass am ofgeännerte Gesetz vum 4te Juli 1973 souwéi an de groussherzogleche Reglementer gereegelt. D’Apdikte brauchen eng Konzessioun vum Staat, fir dierfen opzemaachen. An der Praxis gi weider Apdikte vum Staat geneemegt, wann d’Awunnerzuel an enger Gemeng an d’Luucht geet. 

D’Gemeng Péiteng zielt aktuell iwwert 20.000 Awunner, mee huet nëmmen 3 Apdikten.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kritt d’Gemeng Péiteng deemnächst eng weider Apdikt vum Ministère genehmegt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1967

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene