Elektrobusser bei der AVL

Nom Klima-an Energieplang solle bis 2030 all d’Busser am RGTR elektresch ugedriwwe sinn. Och beim ëffentleche Bussyndikat TICE sollen d’Busser bis 2030 duerch Elektrobusser ersat ginn an dëst wäert ronn 164 Milliounen Euro kaschten, sou d’Äntwert vun der Ministesch op meng parlamentaresch Fro n°950. Och d’Busflott vum Stater Busnetz (AVL) soll bis 2030 op Elektro ëmgestallt ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Busser fueren aktuell bei der AVL a wéi vill dovunner si reng Elektrobusser?

  2. Wéi héich wäert viraussichtlech de Käschtepunkt sinn, fir eng komplett Erneierung vun der Busflott bei der AVL sinn?

  3. Wien wäert d’Infrastrukturen (z.B. d’Luetstatiounen) bezuelen, déi gebraucht gi fir d’Elektrifizéierung vun der AVL? 

  4. Ass et der Ministesch no de Plang nach realistesch, dass ab 2030 bei der AVL just Elektrobusser fueren? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1927

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt