Voll Bréifkëschten a vill Dreck – gehéiert Werbung an der Bréifkëscht ofgeschaaft?

Verschidde Stied an Holland hunn säit knapps engem Joer hir Quantitéiten u Pabeieroffäll duerch eng simpel Mesure reduzéiert, wéi verschidden Zeitungen am Ausland beriichten. Deemno kënnen Haushälter an Holland duerch een Opt-in decidéieren, ob si wëlle Werbung a Form vu Pabeier an hier Bréifboîte gehäit kréien. Dofir mussen si nëmmen op hirer Bréifboîte uginn, dass si Werbung erhale wëllen. All Werbung, déi net explizitt un eng Persoun adresséiert ass, däerf net ouni d’Averständnis vun der Persoun an d’Bréifboite geheit ginn. Entreprisen, déi sech net dorunner halen, kënne vun de Leit gemellt ginn a sinn da gezwongen héich Geldstrofen ze bezuelen. Duerch dës Mesure huet d’Stad Amsterdam, den Informatioune vum Site geo.deno, zirca 34 Kilo Offäll pro Haushalt pro Joer agespuert.

An deem Zesummenhang well ech dem Minister folgend Froe stellen:

  1. Wéi vill Kilo Ooffall, opgelëscht no Material (Pabeier, Plastik, etc.), entstinn zu Lëtzebuerg all Joer duerch Bréifboitewerbung?
  2. Wäert d’Regierung den hollännesche Wee matgoen an dofir suergen, dass Werbung iwwert de Postwée nëmmen nach iwwert een Opt-in kann ausgestallt ginn? Falls jo, ab wéini? Falls nee, firwat net?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene