Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Fraternité Verbum Spei

D’rezent Ukënnegung vun der Zesummenaarbecht tëscht dem Äerzbistum Lëtzebuerg an der Fraternité Verbum Spei werft eng Rei Froen op. Aus dem Communiqué vum 31. Januar 2025 geet ervir, datt den Äerzbistum präziséiert, datt keng Virwërf vu sexuellem Mëssbrauch géint Membere vun der Communautéit wärend hirer Presenz zu Lëtzebuerg virleien. Dës spezifesch Formuléierung, limitéiert op d’Period zu Lëtzebuerg, werft d’Fro op, ob et Ermëttlungen aus dem Ausland oder aner Informatioune gëtt.

D’Fraternité Verbum Spei ass säit 2016 zu Lëtzebuerg aktiv a gouf deemools invitéiert fir sech hei nidderzeloossen. Dëst trotz dem Fait, datt schonn deemools an de franséische Medien iwwert problematesch Praktiken a Verbindunge mat der Communautéit Saint-Jean beriicht gouf. Am Kontext vun der Jugendaarbecht an dem Accès zu vulnerabele Persounen duerch d’pastoral Aktivitéiten ass et wichteg ze verstoen, ob et en Informatiounsaustausch tëscht de concernéierten Institutioune gouf.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn der Regierung Ermëttlunge géint Membere vun der Fraternité Verbum Spei – déi zu Lëtzebuerg agéiert hunn – am Ausland bekannt, speziell a Frankräich oder am Mexiko, wou d’Communautéit hire Siège huet?

  2. Gouf et tëscht 2016 an 2025 en Austausch tëscht der Police, der Justiz oder anere staatlechen Institutiounen an dem Äerzbistum betreffend d’Aktivitéite vun der Fraternité Verbum Spei zu Lëtzebuerg?

  3. War d’Regierung informéiert iwwert d’Decisioun vum Äerzbistum d’Fraternité Verbum Spei zu Lëtzebuerg opzehuelen oder ass si consultéiert ginn?

  4. Gëtt et e Kader fir den Informatiounsaustausch tëscht reliéisen Institutiounen an dem Staat, wann et ëm d’Sécherheet vu Jugendlechen an anere vulnerabele Persoune geet?

  5. Am Hibléck op aktuell Entdeckungen, ë.a. am Bistum Tréier, datt d’Kierch Persounen aktiv versat hätt fir der Strofverfollgung z’entkommen, wéi ass sécher gestallt, datt grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht am Fall vu Mëssbrauchsvirwërf fonctionéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1883

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll