An de leschte Méint hu verschidden Telekommunikatiounsoperateuren an eisen Nopeschlänner ugekënnegt, hier 2G an 3G Netzer tëscht 2025 an 2030 ofzeschalten. Zu Lëtzebuerg huet POST als Haaptoperateur eng Ofschaltung vum 2G-Netz fir Enn 2026 ugekënnegt, wärend Orange annoncéiert huet, seng 2G- an 3G-Netzer progressiv vun 2025 un ofzeschalten, mat engem kompletten Ausstig bis 2030. Wärend dës technologesch Transitioun fir déi meescht Handysbenotzer keng gréisser Erausfuerderung duerstellt, gëtt et eng Rei vu kriteschen Infrastrukturen, déi nach ëmmer op dës Technologien ugewise sinn.
Besonnesch kritesch ass dës Situatioun bei Noutruffsystemer a Lifter souwéi Telealarmer fir eeler oder behënnert Leit. A Frankräich gëtt geschat, datt duerch dës Ëmstellung bis 2026 ronn 60.000 Persounen hiren Telealarm net méi kënne benotzen. Verschidden europäesch Länner hunn dofir schonn decidéiert, d’Ofschaltung vun dësen Netzer ze koordinéieren an ze harmoniséiere, fir esou Risiken ze minimiséieren.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Lifter zu Lëtzebuerg si mat 2G oder 3G Noutruffsystemer equipéiert?
-
Wéi vill Persounen zu Lëtzebuerg benotzen den Ament Telealarm-Geräter, déi op 2G oder 3G Technologie baséieren?
-
Gëtt et e koordinéierte Plang vun der Regierung fir d’Ofschaltung vun den 2G an 3G Netzer ze begleeden a méiglech Risiken ze vermeiden?
-
Wéi eng Mesuren huet d’Regierung virgesi fir sécherzestellen, datt all betraffe Systemer rechtzäiteg op méi modern Technologië kënnen ëmgestallt ginn?
-
Gëtt et e gesetzleche Kader deen d’Operateuren dozou verpflicht, d’Verfügbarkeet vun dëse Systemer bis zu enger kompletter Transitioun ze garantéieren?
QP Nummer 1899