Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Zertifizéierung vu Keessesystemer a -softwaren am Commerce

An de leschte Joren ass d’Digitaliséierung am Commerce ëmmer méi wichteg ginn, dorënner och d’Benotzung vu Keessesystemer a -software. An eisen Nopeschlänner, besonnesch a Frankräich, gëtt et streng Reegele fir d’Zertifizéierung vun dëse Systemer, fir d’TVA-Fraude ze bekämpfen. Esou mussen d’Editeure vun der Software entweder eng Selbstzertifikatioun maachen oder eng Zertifizéierung vun engem akkreditéierten Organisme kréien.
D’Erfarungen aus dem Ausland weisen awer, datt och zertifizéiert Systemer duerch Modifikatioune bei der Installatioun oder duerch Duebel-Keessesystemer kënne fir frauduléis Praktike genotzt ginn. Am Kontext vun der europäescher Harmonisatioun vun der TVA-Gesetzgebung ass et wichteg ze verstoen, wéi Lëtzebuerg sech an dësem Beräich positionéiert an ob et eng obligatoresch Zertifizéierung fir Keessesystemer gëtt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng legal Dispositioune bestinn zu Lëtzebuerg fir d’Zertifizéierung vu Keessesystemer a -software?

  2. Wéi kënnen d’Cliente sécher sinn, datt d’Keessesystemer déi si kafen, konform zu de gesetzleche Virschrëfte sinn?

  3. Gëtt et zu Lëtzebuerg eng Statistik iwwer d’Unzuel vu Fäll, wou Keessesystemer fir TVA-Fraude genotzt goufen?

  4. Wéi positionéiert sech d’Regierung zum aktuelle franséische System vun der duebeler Zertifizéierung (Selbstzertifikatioun oder extern Zertifizéierung)?

  5. Gëtt et Pläng op europäeschem Niveau fir d’Zertifizéierung vu Keessesystemer ze harmoniséieren, a wéi eng Positioun vertrëtt Lëtzebuerg an dëser Diskussioun?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1898

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll