Konformitéit mat den EU-Standarde vu Päck

Déi lescht Joren huet den Online-Commerce staark zougeholl, mat engem besonnesche Wuesstem vu Bestellungen aus Drëttlänner. An Däitschland hu Kontrollen am September 2024 gewisen, dass bei 62% vun de kontrolléierte Päck d’Konformitéit mat den EU-Standarden net direkt konnt festgestallt ginn. Dëst weist op méiglech Problemer bei der Importkontroll hin.
 Am Kontext vun ongeféier 14-15 Millioune Päck, déi all Joer zu Lëtzebuerg verdeelt ginn, ass et wichteg ze verstoen, wéi vill Päck genee aus Drëttlänner kommen a wéi eng Kontrollmechanismen zu Lëtzebuerg besti fir d’Konformitéit mat den EU-Normen ze garantéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill vun de 14-15 Millioune Päck, déi zu Lëtzebuerg verdeelt ginn, kommen aus Drëttlänner, aus der EU a vun nationale Commercen?

  2. Wéi verdeelt sech dat op déi eenzel Importkanäl – Loft, Zuch, Stroossentransport?

  3. Wéi vill Kontrolle goufen an de leschten 3 Joer vu Päck aus Drëttlänner duerchgefouert a wéi eng Resultater hunn dës Kontrollen erginn?

  4. Wéi eng Moossnamen an Zesummenaarbecht besteet tëscht der Douane, der Post an de private Courrier-Servicer, fir d’Konformitéit vun importéierte Wueren ze kontrolléieren?

  5. Wéi héich schätzt de Minister de wirtschaftlechen Impakt vun Net-EU-konforme Wueren op de lëtzebuergesche Commerce?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1903

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt