200000 Finanzjobs fort duerch KI

Vill gréisser Firme setzen elo schonn op kënschtlech Intelligenz a spueren domadder bei administrative Prozeduren oder Analyse vill Aarbechtsstonnen. No engem Artikel op bloomberg.com vum 8te Januar kéinte mëttelfristeg am Bankesektor eng 200.000 Aarbechtsplazen duerch kënschtlech Intelligenz ersat ginn.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ee wirtschaftlechen Impakt wäert d’KI op déi lëtzebuergesch Finanzplaz hunn?

  2. Kann d’Regierung ausschléissen, dass zu Lëtzebuerg Aarbechtsplazen am Finanzsecteur ofgebaut ginn? 

  3. Wëssend, dass ee Groussdeel vun de Steierrecetten duerch d’Akommessteier vun den Aarbechtsplazen am Finanzsecteur erakommen, wéi preparéiert sech Lëtzebuerg op eng eventuell Baisse vun de Steierrecetten?

  4. Wéi eng Formatiounen ginn bei der ADEM 2025 ugebueden, fir d’Leit am Ëmgang mat KI ze schoulen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1882

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen