Bürokratieofbau vun der EU-Wirtschaftspolitik

D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet rezent eng nei Ausriichtung vun der EU-Wirtschaftspolitik ugekënnegt, mat engem besonnesche Fokus op de Bürokratieofbau. Dës Annonce kënnt zu enger Zäit, wou souwuel d’Betriber ewéi och d’Bierger ëmmer erëm op déi héich administrativ Laascht hiweisen, déi duerch verschidden EU-Direktiven entstinn ass.
Am Kontext vun dëser Nei-Ausriichtung stellt sech d’Fro iwwert d’Kohärenz tëscht den EU-Direktiven an der nationaler Gesetzgeebung. Et ass wichteg ze préiwen, ob verschidden national Gesetzer, déi op alen EU-Direktive baséieren, nach ëmmer a Kraaft sinn, obwuel d’Basis-Direktive schonns geännert oder opgehuewe goufen. Dëst kéint zu onnéideger Bürokratie féieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng konkret Moossname fir e Bürokratieofbau plangt d’Regierung am Kader vun dëser neier EU-Ausriichtung ëmzesetzen?

  2. Huet d’Regierung eng Analys gemaach fir ze identifizéiere, wéi eng national Gesetzer nach a Kraaft sinn, déi op alen oder ofgeännerten EU-Direktive baséieren? Falls jo, wéi vill esou Gesetzer goufen identifizéiert a wat ass de Planning fir dës ze aktualiséieren oder opzehiewen?

  3. Wéi eng Prozedur huet d’Regierung agefouert fir ze verhënneren, datt an Zukunft national Gesetzer a Kraaft bleiwen nodeem hir Basis-Direktiven op EU-Niveau geännert oder opgehuewe goufen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1868

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene