Ënnerstëtzung vun internationale Bildungsinitiativen

De Global Education Monitoring Report weist op e Finanzéierungsdefizit vun ongeféier 100 Milliarden US-Dollar fir d’Areeche vun de festgeluechten Educatiounsziler hin. International gëtt recommandéiert, tëscht 15 an 20 Prozent vun den ëffentlechen Ausgaben oder 4 bis 6 Prozent vum PIB an d’Bildung ze investéieren.
D’Partnerschaften tëscht Länner, besonnesch d’Ënnerstëtzung vun internationale Bildungsinitiativen, spillen eng wichteg Roll beim  Areeche vun de globalen Educatiounsziler.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi engagéiert sech Lëtzebuerg bei Global Partnership for Education an Education Cannot Wait, a wéi eng finanziell Participatioun ass virgesinn?

  2. Wéi deelt sech de Kooperatiounsbudget op déi verschidden Niveauen an Aktivitéiten op a wou gesäit d’Regierung Bedarf fir zousätzlech Investitiounen a Bildung bei eise Partner?

  3. Wéi eng Strategie verfollegt d’Regierung bei eiser Kooperatioun am Bildungsberäich?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1835

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene