refuséierte Verkaf vun engem Produit

Eis ass e Fall bekannt, wou eng Persoun een neie Smartphone wollt kafen.Dës Persoun huet dowéinst no engem passende Geschäft gesicht an huet an der Vitrinne vun engem Buttik ee Smartphone gesinn, deen de Krittären entsprach huet. Beim Smartphone war e Schëld, op deem de Präis affichéiert war. Nieft dem Präis waren awer weder weider Konditiounen affichéiert, nach gouf mat engem Sonderzeechen wéi engem Asterisk op spezifesch Verkafsbedéngungen higewisen.  Ganz am Contraire gouf e Präis “hors forfait” affichéiert. Am Buttik selwer gouf dunn dem Client de Verkaf refuséiert, mat der Begrënnung, de Verkaf vum Smartphone wär just fir Clientë reservéiert, déi bei hinne schonn een Abonement ofgeschloss hätten.  Clienten ouni Abonement dierften de Smartphone awer net kafen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kann ee Geschäft enger Persoun de Verkaf vun engem vun hire Produite refuséieren? Wa jo, ënnert wat fir Konditiounen ass dëst méiglech respektiv wat fir Virschrëfte mussen hei vum Buttik beuecht ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1850

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene