Warnsystem fir Rettungsdéngschter

An den USA notze verschidde Rettungsdéngschter Warnsystemer, fir d’Automobilisten z’informéieren, dass si de Wee solle fräi maachen oder méi lues solle fueren, wann ee Rettungswon um Wee ass. De Rettungswon mécht beim Umaache vun de Sireenen oder bloe Luuchten eng Benochriichtegung an Echtzäit, deen op deen op ville gréisseren Navigatiounssystemer oder Bordcomputeren an den Autoen ugewise ka ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet den CGDIS Accès op esou Warnsystemer?
    • Falls jo, wéi eng sinn dat a sinn se schonns getest ginn oder ginn agesat?
    • Falls nee, ginn et Pläng beim CGDIS fir dës Technologien ze notzen? Wou sinn dës Pläng drun a bis wéini sollen se konkretiséiert sinn?

  2. Wéi eng Technologië stinn dem CGDIS hei zur Auswiel?

  3. Ass ee länneriwwergräifende System fir d’Groussregioun geplangt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1825

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene