D’lescht Joren huet d’Assurance-Branche zu Lëtzebuerg historesch héich Entschiedegungen duerch Naturkatastrophe misse bezuelen. D’Iwwerschwemmungen an d’Stierm vun de leschte Jore weisen däitlech, datt och eist Land ëmmer méi vun extreme Wiederphänomener betraff ass.
An den USA an a Kalifornien am Besonnesche ginn et elo schonn éischt Fäll wou Assurancen sech aus gewësse Regiounen zeréckzéien, well d’Risiken net méi kalkuléierbar sinn. Dëst werft wichteg Froen op iwwert d’Zukunft vun eisem Assurance-System an d’Preparatioun op déi zukünfteg klimatesch Erausfuerderungen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi héich waren d’Entschiedegunge vun den Assurancen zu Lëtzebuerg duerch klimabedéngt Schied an de leschten 10 Joer a wéi huet sech dëst am Verglach zu den 10 Joer virdrun entwéckelt?
-
Wéi eng Mechanismen huet de Staat aktuell fir den Assurancësecteur ze ënnerstëtzen am Fall vu gréisseren Naturkatastrophen? Gëtt et Pläng fir eng staatlech “Assurance vun der leschter Chance” anzeféieren?
-
Wéi eng konkret Mesurë gi geholl fir den Assurancësecteur méi resilient géint Klimarisiken ze maachen? Gëtt et spezifesch Ufuerderungen un d’Reserven, déi d’Assurancë musse virweisen?
-
Gëtt et Analyse vun der Regierung iwwert déi laangfristeg Auswierkunge vum Klimawandel op den Assurancesystem zu Lëtzebuerg? Wa jo, wat sinn d’Haapterkenntnisser?
-
Wéi eng präventiv Mesurë ginn et, fir d’Klimarisiken ze reduzéieren an domat och d’Assurancebranche ze entlaaschten? Wéi gëtt d’Zesummenaarbecht tëscht Assurancebranche, Staat a Gemengen an dësem Beräich koordinéiert?
QP Nummer 1804