An de leschte Wochen hunn sech d’Diskussioune ronderëm eng méiglech NATO-Memberschaft vun der Ukrain intensivéiert. Bei rezenten Treffen tëschent NATO-Memberstaaten an ukrainesche Parlamentarier gouf Lëtzebuerg als ee vun nëmmen dräi Länner – niewent den USA an Däitschland – genannt, déi aktiv géint eng Memberschaft vun der Ukrain an der NATO Positioun bezéien. Dës Informatioun staamt aus direkten Echangë mat ukrainesche Parlamentarier, déi d’Positioun vu Lëtzebuerg net verstoe kënnen.
An engem Moment wou d’Ukrain ëmmer nees ënner russeschem Beschoss steet an d’Fro vun hirer laangfristeger Sécherheet méi relevant ass wei jee, ass et wichteg ze verstoen, wéi eng strategesch a politesch Iwwerleeungen hannert der Lëtzebuerger Positioun stinn. D’Transparenz iwwert eis aussepolitescht Handelen ass besonnesch wichteg well dës Positioun schéngt am Kontrast zu eiser traditioneller Ënnerstëtzung fir d’Ukrain ze stoen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Kënnen de Minister confirméieren, dass Lëtzebuerg sech aktiv géint eng NATO-Memberschaft vun der Ukrain aussprécht? Falls jo, wat sinn déi präzis Grënn fir dës Positioun?
-
Wéi eng alternativ Propositioune mécht d’Lëtzebuerger Regierung fir d’Sécherheet vun der Ukrain laangfristeg ze garantéieren?
-
An der Äntwert op d’Fro n° 1625 huet de Minister dës geäntwert: “La position luxembourgeoise sur les développements par rapport à l’Ukraine, y compris ses aspirations pour adhérer à l’OTAN, font donc objet d’échanges réguliers entre les membres du Gouvernement.”
Gouf et an de leschte Méint Changementer an der Lëtzebuerger Positioun bezüglech enger méiglecher NATO-Memberschaft vun der Ukrain?
-
Wéi eng Diskussioune gouf et zu dësem Sujet mat eisen europäeschen an transatlantesche Partner, besonnesch mat den USA an Däitschland?
-
Wéi reagéiert d’Regierung op d’Kritik vun de ukrainesche Parlamentarier un eiser Positioun respektiv, wéi huet Lëtzebuerg bis elo seng Positioun op internationalem Niveau justifiéiert?
QP Nummer 1805