Am Kader vun eisen internationale Verpflichtungen an dem Besoin vun eiser Arméi fir méi robust ze ginn, soll och méi an d’Defense hei zu Lëtzebuerg investéiert ginn. Dofir ass Luxinnovation och derbäi, e „Mapping“ vun alle Betriber ze maachen, déi am erweiderte Sënn an der Defense involvéiert sinn. Dofir wësse mir, datt lëtzebuergesch Firme Produkter an Déngschtleeschtungen ubidden, déi souwuel fir zivil wéi och militäresch Zwecker benotzt kënne ginn. Dës sougenannten “Dual-Use”-Gidder sti besonnesch am Fokus, well se potenziell fir Konflikter a Mënscherechtsverletzunge mëssbraucht kënne ginn.
D’Ëmsetzung vun der EU-Richtlinn iwwert d’Verantwortung vu Betriber am Beräich vun der Nohaltegkeet (CSDDD) an nationaalt Recht steet nach aus. Dofir ass et ëmsou méi wichteg, datt d’Regierung schonn elo adequat Mesuren hëlt, fir de risege Secteur vun den “Dual-Use”-Gidder ze kontrolléieren. Virun allem wat den Export a Länner ugeet, déi keng Partnerlänner vun der EU oder NATO sinn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi eng konkret Schrëtt ënnerhëlt d’Regierung, fir sécherzestellen, datt Lëtzebuerger Firmen hir “Dual-Use”-Produkter a -Déngschtleeschtunge verantwortungsvoll an am Aklang mat de Mënscherechter ubidden?
-
Wéi wäert d’Regierung an Zukunft méi streng Kontrolle vun dëse sensibele Gidder ëmsetzen, fir ze verhënneren, datt se a falsch Hänn geroden a fir illegal oder onmoralesch Zwecker benotzt ginn?
-
Wéi gesäit d’Regierung d’Responsabilitéit vu Lëtzebuerg als wichtege Standuert fir international Firmen, déi am “Dual-Use”-Secteur aktiv sinn, fir eng global Regulatioun an dësem Beräich virunzedreiwen?
-
Wéi kënne mir d’Balance packen tëscht dem Besoin fir eis Defense an awer och der Verantwortung vu Lëtzebuerg, fir eben an d’Defense z’investéiere, mee keng Konflikter ze verschäerfen oder z’exportéieren?
QP Nummer 1799