An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng bei de K.o.-Drëpse goufen et zënter 2021 25 gemellte Fäll, woubäi d’Donkelziffer warscheinlech vill méi héich läit. D’Justizministesch huet an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1581 op verschidde Preventiounsmesuren higewisen, mee et stellt sech d’Fro, ob méi geziilt legislativ Mesurë gebraucht ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Gesäit d’Regierung zu Lëtzebuerg e Besoin fir änlech legislativ Mesuren anzeféieren, wéi an Däitschland, zum Beispill eng elektronesch Foussfessel bei schwéiere Fäll vu Gewalt?
-
Wéi schätzt d’Regierung d’Effikassitéit vun de bestoende Mesuren an der Justiz an, fir Affer vu Gewalt ze schützen, a wou gesäit si nach Verbesserungspotential?
-
Wéi kéint d’Zesummenaarbecht tëscht de verschiddenen Acteuren (Police, Justiz, Hëllefsstrukturen) am Beräich vun der Gewaltbekämpfung nach verstäerkt ginn?
QP Nummer 1749