vun enger KI erstallte pornografescht Material

An engem Artikel op RTL vum 13te Januar gëtt iwwert de Phänomeen geschwat, dass mat der Hëllef vu KI respektiv fräi um Internet verfügbare Bildbeaarbechtungsprogrammer pornografescht Material vu Fraen erstallt a duerno am Internet verbreet gëtt. De Moment si vun dësem Phänomeen virun allem Fraen, déi sech am Kader vun engem politesche Mandat engagéieren, vun dësem Verbrieche betraff. Mat dëse sougenannten Deepfakes sollen déi betraffe Fraen diffaméiert an hir Ruff geschiedegt ginn. Awer och aner prominent Persounen, wéi d’Taylor Swift goufe schonn Affer vun esou Deepfakes. Opgrond vun der grousser Verfügbarkeet vun de Programmer kann awer jidderee schnell zum Affer ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn hei zu Lëtzebuerg Fäll bekannt, an deene mat der Hëllef vun enger KI pornografesch Deepfake vu Persounen erstallt goufen? Wa jo, wéi vill Fäll si bekannt?

  2. Ass geplangt, fir e spezifesche gesetzleche Kader auszeschaffen, fir dëst Zort vu Verbriechen ënner Strof ze stellen?
    • Wa jo, wou sinn dës Aarbechten drun?
    • Wa nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1769

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen