CASA asbl

D’Press huet rezent iwwert eng Rei vu Problemer bei enger ASBL bericht. Der Press no huet de Familljeministère d’Zesummenaarbecht mat der CASA ASBL agestallt, déi ë.a. Coursen offréiert huet. Doriwwer eraus gi Virwërf gemaach, dass d’Organisatioun hir Integratiounsaarbecht net esou geleescht huet wéi se sollt, an dass et Onreegelméissegkeete bei de Presenzlëschte vun de Coursë gouf. D’Organisatioun krut och Subsiden a Remboursementer vu verschiddene Ministèren, dorënner och vum Educatiounsministère, fir Sproochecoursen unzebidden.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéini genee gouf d’Zesummenaarbecht mat der genannter ASBL agestallt a wat waren d’Grënn dofir?

  2. Wéi vill Subside krut d’Organisatioun an de leschte 5 Joer vum Familljeministère?

  3. Wéi eng Kontrolle goufen duerchgefouert fir ze iwwerpréiwen ob d’Missioune wierklech erfëllt goufen?

  4. Wéi eng Moossname goufen ergraff fir sécherzestellen, dass déi ugebuede sozial Déngschtleeschtungen elo vun aneren Organisatioune kënnen iwwerholl ginn?

  5. Gëtt et en Audit vun de Subsiden, déi dës Organisatioun an de leschte Jore krut?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1746

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene