Nei Ëffnungszäiten am Commerce an Impakt op den ëffentlechen Transport

D’Regierung huet decidéiert, dass d’Geschäfter an Zukunft méi laang hir Diere kënnen opmaachen. Dëst bréngt mat sech, dass vill Beschäftegt zu spéideren Auerzäiten op den ëffentlechen Transport ugewise sinn. Och Sonndes fueren aktuell nach manner Busser an Zich a wann d’Aktivitéit zouhëlt a souwuel Beschäftegter an och Clientë méi sollen akafen, da mussen och méi Busser an Zich um Sonndeg do sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat ass am ëffentlechen Transport geplangt, fir den neien Auerzäiten am Commerce Rechnung ze droen?

  2. Wäerte Sonndes méi Busser, Zich an Tramen musse fueren?
    Falls jo,
    • wéi vill zousätzlech Trajeten sollen stattfannen?
    • wéi vill méi Personal wäert mussen bei den CFL, TICE an de Busser vun der VDL agestallt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1691

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene