D’Regierung huet decidéiert, dass d’Geschäfter an Zukunft méi laang hir Diere kënnen opmaachen. Dëst bréngt mat sech, dass vill Beschäftegt wäerten aner Aarbechtsstonne kréien, wat een Challenge ass fir d’Familljen- an d’Beruffsliewen op eng Linn ze kréien. Déi meescht Crèchen a Maison Relaisen hunn awer aktuell just tëschent 5h00 an 19h00 op.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wäert d’Regierung higoen an dofir suergen, dass d’Maison relaisen, d’Crèchen an Assistants parentaux och Sonndes mussen opmaachen?
-
Wat ass geplangt, fir d’Konditiounen beim Chèques Service d’Acceuil z’änneren fir den neien Ëffnungszäiten am Commerce Rechnung ze droen?
QP Nummer 1690