Verkaf vun Dreifstoff iwwert déi nächste Joren

D’Regierung huet sech dozou verflicht (iwwert den Klima- an Energieplang), dass bis 2030 sollen 49% Elektroautoen op eise Stroosse rullen. Wat méi Elektroautoe fueren, wat manner Dreifstoff wäert verkaf ginn. Am Budget pluriannuel rechent d’Regierung mat manner Steierrecetten (Accisen) um Verkaf vu Sprit. Vun 2024 bis 2028 sollen d’Recetten ëm ronn 10% erofgoen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill manner Liter Dreifstoff wäert an den nächste Joren, bis 2028, verkaf ginn?

  2. Ass et sënnvoll, an deem Kontext, wou manner Dreifstoff soll verkaf ginn, fir hei am Land nach weider grouss Tankstellen mat méi Zapsäilen ze bauen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1692

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene