Asaz vu Juegdfalen am Naturschutzgebitt Haff Réimech

Am Naturschutzgebitt Haff Réimech zu Remerschen gouf decidéiert, fir Falen opzestellen, fir d’Wëllschwäin anzefänken an se dann z’erschéissen. Een RTL-Artikel vum 29te Mee 2024 schreift dozou
“Haff Réimech dann – en Naturschutzgebitt, fir dat d’Jeeër net méi zoustänneg sinn, mee d’Naturverwaltung. Hei géif eng aner Form vu Juegd geplangt, nämlech d’Falejuegd, déi zënter Joren hei verbuede wier.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Zënter wéini sinn d’Falen hei opgestallt a gi genotzt?

  2. Wéi vill Déieren goufen an de Falen gefaangen an duerno dout gemaach?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1682

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt