Explosiounen zu Mont-St.Martin an Impakt op d’Sécherheet

D’WORT mellt an engem Artikel vun haut iwwert eng Serie vun Explosiounen zu Mont-Saint-Martin, direkt op der Grenz mat der Gemeng Péiteng, wou wëllentlech vu Pyromanen Objeten gesprengt goufen. 

D’Situatioun zu Mont-Saint-Martin ass zënter Joren ugespaant, mee zënter 2023 gëtt dat Polverfaass ëmmer méi visibel. 2023 goufe schonns Gebaier, Tankstellen ee Centre médical an eng Schoul a Brand gesat. Am selwechte Joer koum et och zu Schëss op ee Bus vun enger RGTR-Linn, déi Lëtzebuerg mat der franséicher Regioun verbënnt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat fir Auswierkungen hunn dës Inzidenter zu Mont-Saint-Martin op d’Sécherheetslag zu Péiteng an dem Grenzraum?

  2. Wäert d’Kommissariat zu Péiteng elo direkt méi Beamten kréien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1660

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene