FRO.LU: Iwwerweisen vu Krypto-Gewënner op Lëtzebuerger Banken

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Den Handel mat Krypto-Produiten wäert international an den nächste Jore weider ausgebaut ginn  an domadder bidden sech nei Chancë fir nei Finanzdéngschtleeschtungen a Wirtschaftsaktivitéiten. Lëtzebuerg sollt, als international Finanzplaz, net den Uschloss un dësem Marché verléieren, deen ëmmerhin eng grouss Unzuel u klengen Investisseuren unzitt. Dofir ass et wichteg, dass déi traditionell Finanzdéngschtleeschter, wéi d’Banken, Investitiounen a Kryptowärungen ënnerstëtzen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kënne Banken zu Lëtzebuerger hire Clienten refuséieren, hiert Akommes, wat si aus dem Handel mat Kryptowährungen erwirtschaft hunn, op hire Bankkonto z’iwwerweisen (zum Beispill als Fiat-Geld vu Coinbase oder aanere Kryptoboursen?
    Falls jo, aus wéi enge Grënn kann dëst refuséiert ginn (wa séchergestallt ass, dass d’Geld aus legalen Handelsaktivitéiten erwirtschaft gouf, also Blanchiment an illegal Aktivitéiten ausgeschloss kënne ginn)?

Fro n°1645

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1645

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene