GLS Caritas – drëtt Nofro

Mir goufe vu Proprietäre kontaktéiert, déi der Caritas am Kader vun der GLS Wunnenge verlount haten. Dës Proprietären, déi antëscht hire Kontrakt gekënnegt hunn, hunn nach ëmmer net all hir Loyere kritt. Zwar kruten se elo am Dezember vun der Caritas d’Loyere fir August a September iwwerwisen, d’Méint Oktober, November an Dezember feelen awer nach ëmmer. Et sinn awer net nëmmen déi feelend Loyeren, déi dës Proprietäre staarkt belaaschten, mee och d’Kommunikatioun mat der HUT respektiv der Caritas.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ville Proprietären ass d’Caritas de Moment nach Loyere schëlleg an ëm wat fir e Montant geet et hei insgesamt?

  2. An der Äntwert op d’Fro n°1603 schreift de Minister “Laut den Informatiounen déi de Ministère vun der HUT matgedeelt krit huet, ass HUT nach am gaangen un de Kontrakter mat de Proprietairen vun de GLS-Wunnengen ze schaffen. De Gros vun de Proprietairen häten awer schonn zougesot fir vun HUT iwwerholl ze ginn.”

    Wéi vill Kontrakter am Kader vun der GLS goufe vu Proprietären nom Skandal bei der Caritas an der Reprise duerch HUT gekënnegt?

  3. Proprietären, déi hire Kontrakt gekënnegt hunn, sech awer nach an der Phase vum Préavis befannen, an op d’Loyere vun de leschten dräi Méint waarden, kréie vu Mataarbechter vun HUT gesot, dass a sou Fäll d’Caritas zoustänneg géif bleiwen a si do missten nofroen, well jo keen neie Kontrakt mat HUT géif ënnerschriwwe ginn. Ëmgedréint géif sech bei der Caritas awer och kee méi zoustänneg gesinn.

    Wéi eng vun den zwou Organisatiounen ass dann elo am Endeffekt fir esou Fäll zoustänneg?

  4. Proprietären, déi hire Kontrakt gekënnegt hunn, sech awer nach an der Phase vum Préavis befannen, awer nach op d’Loyere vun de leschten dräi Méint waarden, kréie vu Mataarbechter vun HUT gesot, dass dofir d’Caritas zoustänneg géif bleiwen a si do missten nofroen, well jo keen neie Kontrakt mat HUT ënnerschriwwe gi wier. Gläichzäiteg gëtt awer vun HUT versprach, dass si d’Locataire fristgerecht aus der Wunneng géife plënneren an d’Wunneng géifen zréckginn.
    Falls HUT fir esou Fäll net zoustänneg ass, wéi ass da méiglech, dass si awer d’Gestion vun de betraffene Wunnengen iwwerhuelen, ouni awer och fir d’Bezuele vun de Loyeren zoustänneg ze sinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1697

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene