Den obligatoresche Militärdéngscht gouf am Gesetz vum 29te Juni 1967 ofgeschaaft, an zënter méi wéi 50 Joer gëtt kee Mënsch an eisem Land méi géint säi Wëlle gezwongen, fir der Arméi bäizetrieden. Bis de 25ten November ass op der ëffentlecher Plaz och net wierklech iwwert eng Ännerung grouss diskutéiert ginn, geziilten Investissementer, wéi zum Beispill 2,6 Milliarden Euro an den nächsten 30 Joer, sollten eis laut Regierung an allgemeng Verdeedegung laut Regierung méi resilient maachen.
Fir eis ganz iwwerraschend huet dann e Generol vun der Arméi an engem RTL-Interview vum 25ten November 2024 d’Fro vun der Aféierung vum obligatoresche Militärdéngscht an d’Gespréich gouf. Et ass dee selwechte Generol deen nach virun e puer Joer um RTL éischter skeptesch géintiwwer vun engem obligatoreschen Déngscht wier. E puer Deeg méi spéit huet en RTL Journalist op rtl.lu e Commentaire iwwert e méiglechen obligatoreschen Déngscht publizéiert.
Et gëtt allgemeng esou duergeluecht, dass dës Fro e politesche Choix wier, déi vu Politiker misst decidéiert ginn. Mir Piraten, als politesch Partei, fillen eis deementspriechend dozou opgefuerdert op dës Aussoen ze reagéieren. D’Piraten positionéieren sech ganz kloer géint en obligatoreschen Déngscht a fannen et och net ubruecht esou eng Diskussioun ze lancéieren. Et läit un der Regierung sëlwer, Efforten ze maachen an Iwwerleeungen ze lancéieren, wéi een de Rekrutement verbessere kann. Och op finanziellem Plang ginn et hei Méiglechkeeten, wann ee bedenkt dass fräiwëlleg Zaldote manner wéi de Mindestloun verdéngen. De Beruff vum Zaldot muss opgewäert ginn, awer net iwwert de Wee vun engem Zwang. Eng Wehrpflicht ass et laang net méi ginn, an dat soll och esou bleiwen. Keen soll gezwonge ginn, fir ee Land an de Krich ze zéien.
Dës Meenung wäerte mir esou och an der Chamber vertrieden an an der nächster ëffentlecher Sëtzung hei och eng Motioun dozou deposéieren.
Eise klore Message ass: Verbessert d’Konditiounen a maacht de Beruff méi attraktiv, mee loosst de Leit de fräie Choix.
CHD-LINK