Bluttspend fir MSM

D’Gestioun vun der Bluttspend zu Lëtzebuerg stécht an enger Phas vu grousse Verännerungen. D’Regierung huet rezent annoncéiert en “établissement public” ze schafen fir d’Bluttspend ze koordinéieren, wat d’Fro iwwert d’Ausschlosskrittäre fir Männer, déi Sex mat Männer hunn (MSM), nees an de Fokus réckelt. Zënter 2021 kënnen MSM zwar Plasma spenden, awer fir d’Vollbluttspend gëtt nach ëmmer eng 12-Méint Enthaltsamkeetsperiod gefuerdert.

An eisem Nopeschland Frankräich goufen d’Ausschlosskrittäre fir MSM am Mäerz 2022 ofgeschaaft, an d’Bewäertung vum Risiko gëtt elo op Basis vum individuelle Verhale gemaach. Mat der geplangte Reform vun der Bluttspend zu Lëtzebuerg ass et wichteg ze verstoen, wéi d’Regierung dës Thematik an Zukunft wëll ugoen, besonnesch well déi aktuell Praxis vun enger kategorescher Ausgrenzung vun MSM als Diskriminéierung ka betruecht ginn. 

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Wéi gesäit d’Gesondheetsministesch d’aktuell Praxis vun der 12-Méint Enthalsamkeetspflicht fir MSM am Kontext vun de wëssenschaftlechen Erkenntnisser an dem Prinzip vun der Net-Diskriminéierung? 
  2. Besteet d’Méiglechkeet, am Kader vun der Schafung vum “établissement public” fir d’Bluttspend, d’Ausschlosskrittäre fir MSM ze iwwerschaffen an op eng individuell Risikobewäertung ëmzestellen?
  3. Gëtt et Simulatiounen oder Impaktstudien iwwert d’Auswierkungen op d’Verfügbarkeet vu Bluttreserven, wann d’Ausschlosskrittäre fir MSM géifen adaptéiert ginn?
  4. Wéi eng Rolle spillen d’Haftungsfroen an d’Assurancë bei der aktueller Praxis, a wéi géif sech dëst änneren am Kader vum neien “établissement public”?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene