D’Kräizung Rossmillen verbënnt déi véier Dierfer Hengescht, Bënzelt, Wäiswampech a Clierf. Op dëser Kräizung koum et an der Vergaangenheet scho méi dacks zu Accidenter. Dowéinst gouf nach ënnert dem viregte Minister Bausch eng Sécherheetsetüd an Optrag ginn. Nach am September 2024 koum et zu engem schwéieren Accident, bei deem och de Rettungshelikopter am Asaz war. Vill Automobilist:innen empfannen d’Kräizung als geféierlech. Déi genannten Etüd kënnt zu engem anere Resultat: „Das Unfallgeschehen am Knotenpunkt ist als gering einzuschätzen. Lediglich 5 Unfälle mit Personenschäden innerhalb des 6 Jahres Zeitraums 2013-2018“.
An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:
- Sinn d’Resultater vun der Sécherheetsetüd un déi betraffe Gemeng weidergeleet ginn?
- Wa jo, wéini war dat de Fall?
- Wa nee, firwat war dat bis elo nach net de Fall?
- An der Äntwert op d’Fro n°1388 schreift d’Ministesch: “Et ass virgesinn d’Kräizung reegelkonform ëmzebauen an den Automobilisten*innen um CR338 d’Virfaart ze ginn”.Wat genee ass mat dem reegelkonformem Ëmbaue vun der Kräizung gemengt, ausser der erwäänter Ännerung vun der Virfaart?
- Eis gouf zougedroen, dass vu verschiddene Vertrieder aus der concernéierter Gemeng aner Léisunge favoriséiert ginn. An hiren Ae wär de Bau vun engem Rond-point déi beschte Léisung. Esou géif eng ze héich Vitess vun Automobilist:innen evitéiert ginn, et géif zu enger besserer Iwwersiicht fir alleguer d’Automobilist:innen an domat och zu manner Accidenter féieren.Gouf de Bau vun engem Rond-point consideréiert, fir esou d’Verkéierssituatioun fir all d’Automobilist:inne méi iwwersiichtlech ze maachen, den Trafic ofzebremsen, ouni dësen awer komplett zum Stëllstand ze bréngen? Goufen Etüden duerchgefouert, déi feststellen, dass e Rond-point op der dëser Plaz net méiglech ass? Wa jo, aus wat fir eng Grënn ass de Bau vun engem Rond-point net méiglech?
- Eng aner Léisung wär d’Installatioun vu roude Luuchten. Net wäit vun der Kräizung ewech sinn elektronesch Leitungen, iwwert déi d’Luuchte mat Stroum versuergt kéinte ginn. Gouf de Bau vu roude Luuchte consideréiert, fir esou d’Verkéierssituatioun fir all d’Automobilist:inne méi iwwersiichtlech ze maachen an den Trafic ofzebremsen? Goufen Etüden duerchgefouert, déi feststellen, dass rout Luuchten op der dëser Plaz net méiglech sinn? Wa jo, aus wat fir eng Grënn ass d’Opstelle vu roude Luuchten net méiglech?
- Laut de Vertrieder aus der concernéierter Gemeng baséiert d’Propose, fir d’Virfaartsreegelen ze änneren, op engem Virschlag vu Ponts &Chaussées Dikrech. Vertrieder aus der concernéierter Gemeng no kéint dat awer zu engem grousse Sécherheetsproblem op der Streck ginn, well Persounen, déi an Zukunft a Richtung Hengescht respektiv Bënzelt fueren, mat méi héijer respektiv ze héijer Vitess fueren, well si opgrond vun der neier Virfaartsreegel net méi missten ofbremsen.Ass d’Ministesch der Meenung, dass eng Ännerung vun de Virfaartsreegelen hei wierklech zu manner Accidenter an esou zu enger besserer Sécherheet bäidréit?
- Laut de Resultater vun der Sécherheetsetüd ass d’Kräizung manner geféierlech, wéi vill Automobilist:innen dat empfannen. „Das Unfallgeschehen am Knotenpunkt ist als gering einzuschätzen. Lediglich 5 Unfälle mit Personenschäden innerhalb des 6 Jahres Zeitraums 2013-2018“.Wéi vill Accidenter mat Materialschued goufen et op dëser Kräizung zënter 2013?