Wéi een Afloss hunn déi héich Logementspräisser op d’Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg?

Säit Joren klammen d’Wunnengspräisser zu Lëtzebuerg. Ëmmer méi Jonker, ma och eeler Leit a Famillen hu Problemer sech eng Wunneng ze kafen oder ze lounen. Dës trëfft jiddereen : Op Auslänner oder Lëtzebuerger. Duerch dës Entwécklung sinn d’Liewensënnerhaltskäschten ëmmer méi erdréckend. Vill Leit aus dem Ausland schrecken d’Immobiliëpräisser an déi héich Niewekäschten zu Lëtzebuerg mëttlerweil of a si zéien ee Plus u Liewensqualitéit enger méi héijer Pai zu Lëtzebuerg fir.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Här Minister, wéi héich ass ärer Aschätzung no den wirtschaftleche Schued fir de Grand-Duché, deen duerch déi héich Immobiliëpräisser an déi héich Loyeren entsteet ?
  2. Här Minister, hunn déi héich Immobiliëpräisser an déi héich Loyeren ärer Meenung no en Afloss op d‘Kompetitivitéit an d’Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg? 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene