Bluttspend

An enger Séance plénière vun der Chamber huet d’Madamm Gesondheetsministesch annoncéiert, dass de Service des dons de sang, dee bis elo vun der Croix-Rouge assuréiert ginn ass, an en ëffentleche Service iwwergeet.  

Am Joer 2023 huet d’Croix-Rouge an der geschriwwener Presse matgedeelt, dass d’Reserven immens déif wieren, wat, bei de méiglechen Zenarie vun engem grousse Besoin, zu enger Katastroph féiere kann. De System vun de Reserven hänkt besonnesch un der Reegelméissegkeet vun de Spenden, well d’Reserven och ëmmer en Oflafdatum hunn,  

D’Croix-Rouge huet, anescht wéi an Däitschland zum Beispill, bis elo den Don ëmmer als “acte bénévole” ouni Remuneratioun gesinn. Am ëffentleche Secteur ass, fir hei zousätzlech zum solidaresche Gedanken eng Incitatioun ze schafen, e Congésdag garantéiert ginn. De privaten Employeuren ass et fräiwëlleg iwwerlooss op esou e Modell ze goen. 

An dësem Kontext a mat der Annonce vun der Madame Gesondheetsministesch stellen sech aktuell a fir d’Zukunft vill Froen. 

  • Wéi gesäit den aktuelle Stand vun de Bluttreserven aus? 
  • Wéi huet sech dëse Stand zum selwechten Zäitpunkt iwwert déi lescht 5 Joer entwéckelt? 
  • Wéi eng Méiglechkeete ginn et wann am Kader vun engem gréissere Besoin (zum Beispill ausgeléist duerch e gréisseren Accident oder aner Zort vu Katastroph) d’Reserven zu Lëtzebuerg net duer ginn? 
  • Opbauend op der Annonce vum ëffentleche Service, wat plangt de Ministère fir Aktiounen a Mesurë fir en héije Stand bei de Reserven ze assuréieren? 
  • Wäert et Iwwerleeunge ginn sech dem däitsche Modell vun engem Payement unzepassen? 
  • Ginn et och Iwwerleeungen dem Privatsecteur eng Obligatioun auszeschwätze sengen Employéen e Congésdag als Incitatioun ze proposéieren? 

QP 1523 – CDC

Zesummenhang posts

D’Piraten setzen sech dofir an, dass d’Steieren net méi erop ginn, wann den Index kënnt. D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Aus dëse Grënn
Den Office national de l’enfance (ONE) schafft mat privaten Organisatiounen am Beräich vun dem Kanner- a Jugendschutz zesummen, fir Projeten an Hëllefsmoossnahmen ëmzesetzen.  An
Au Luxembourg travaillent environ 485.000 personnes, dont près de la moitié sont des frontaliers qui viennent travailler chaque jour dans notre pays. Plus de