Am Oktober war d’Sëtzung vum First Committee vun der UN General Assembly (GA), wou iwwert Resolutiounen zu Ofrëschtung (Nuklear-, Bio-, Chimie-, konventionell Waffen, asw.) debattéiert an ofgestëmmt gëtt.
Lëtzebuerg huet zesumme mat anere Länner d’Resolutioun A/C.1/79/L.41 (Steps to building a common roadmap towards a world without nuclear weapons) agereecht, déi mat 145 Stëmmen ugeholl gouf, géint 6 Nee-Stëmmen (China, Nordkorea, Iran, Nicaragua, Russland a Syrien) an 29 Enthalungen.
Den 1. November 2024 gouf d’Resolutioun A/C.1/79/L.39 (Nuclear war effects and scientific research) am First Committee vun der UN-Generalversammlung gestëmmt a mat 144 Stëmmen dofir ugeholl (bei 30 Enthalungen an 3 Stëmmen dogéint aus Russland, Frankräich, England). D’Resolutioun fuerdert en onofhängege Gremium aus Wëssenschaftler ze grënnen. Dëse Gremium soll d’Konsequenze vun engem Atomkrich modelléieren an d’lokal, regional a global Auswierkungen op d’Gesellschaft, d’Ëmwelt an d’Klima ënnersichen a publizéieren. Lëtzebuerg huet sech bei der Ofstëmmung zur Resolutioun enthalen. Déi lescht änlech Etüd ass vun 1989, deementspriechend al an net méi aktuell.
- Firwat huet Lëtzebuerg sech beim Vott enthalen?
- Wat fir eng Geforen oder Nodeeler gesäit d’Lëtzebuerger Regierung bei enger onofhängeger, wëssenschaftlecher Etüd, déi d’Abstentioun rechtfertegen?
- Plangt d’Regierung beim Vott an der Generalversammlung zur entspriechender Resolutioun och mat “Abstentioun” ze stëmmen?
- Gouf d’Abstentioun mat anere Staaten (z.B. EU- oder NATO-Memberstaaten) ofgeschwat?
- Déi lescht wëssenschaftlech Etüd op UN-Niveau zu den Effekter vun engem Atomkrich (Study on the Climatic and Other Global Effects of Nuclear War) staamt vun 1989. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Etüd vun 1989 duer geet an, dass déi Erkenntnisser net aktualiséiert an erweidert solle ginn? Falls jo, op wat fir engen Erkenntnisser baséiert si dës Meenung?
- Wat fir eng Erkenntnisser gëtt et op nationalem Niveau iwwert d’Effekter vun Nukleardetonatiounen, Fallout, nuklearem Wanter a méigleche Kaskadeneffekter op Lëtzebuerg?
- Den amerikanesche Kongress huet eng änlech Etüd an Optrag ginn (Independent Study on Potential Environmental Effects of Nuclear War). Huet d’Regierung Pläng esou eng Etüd mat Fokus op Lëtzebuerg erstellen ze loossen?