amerikanesche Sumpfkriibs

An engem Wort-Artikel vum 7ten November geet ëm den amerikanesche Sumpfkriibs, deen sech hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi staark géif ausbreeden. Beim amerikanesche Sumpfkriibs handelt et sech, wéi de Numm et scho seet, ëm eng Kriibszort, déi virun allem an den USA virkënnt an heemesch ass. Si ass zu Lëtzebuerg also net heemesch a gëllt zudeem als invasiv Aart, déi d’Ökosystemer am Land doduerch bedreet, dass si sech extrem séier an der Natur verbreet an als “Allesfresser” a Kannibal gëllt. Dës Déiere ginn awer och an enger ganzer Rei Länner geziicht, fir duerno als Delikatess giess ze ginn. Laut dem Artikel hätt ee bei der ANF e puer Mol nogefrot, wéi ee géint eng weider Verbreedung vum amerikanesche Sumpfkriibs wéilt virgoen, ouni awer eng Äntwert ze kréien.

  1. Ass dem ANF de Problem vun der ëmmer méi staarker Ausbreedung vum amerikanesche Sumpfkriibs bekannt?
  2. Huet den ANF Pläng, wéi si wëll doru schaffen, d’Verbreedung vum amerikanesche Sumpfkriibs anzedämmen an esou eis Ökosystemer besser ze schützen?
    • Wa jo, kënnen heizou Detailer genannt ginn?
    • Wa nee, firwat net?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene