Humane Papillomaviren (HPV)

Humane Papillomaviren (HPV) si Viren, déi an der Populatioun wäit verbreet sinn. Dës Vire léisen Infektiounen aus, déi an de meeschte Fäll harmlos verlafen a vum selwen nees heelen. Et ginn awer Viren, déi eng Rei vu Kriibsaarte kënnen ausléisen, dorënner besonnesch Gebärmutterhalskriibs. Et gëtt zënter enger ganzer Rei vu Joren eng Impfung, déi als extrem sécher gëllt an noweisbar d’Gefor fir eng Erkrankung ëm 80 Prozent ka senken. D’Impfung ass besonnesch virun dem éischte sexuelle Kontakt ganz wierksam. Zu Lëtzebuerg gëtt d’Impfung fir Meedercher a Jongen am Alter vun 9 bis 14 Joer recommandéiert an ass gratis. Jugendlecher vu 15 bis 20 Joer, déi nach net geimpft sinn, kënnen och gratis vun enger Impfung profitéieren. Leit, déi méi al wéi 21 sinn an nach net immun sinn, mee vun hirem Dokter als immunsuppriméiert klasséiert goufen, kréien d’Impfung och gratis. All aner Persoune sinn awer net am Impfprogramm abegraff an d’Käschte vu ronn 130 Euro pro Impfung musse vun sech selwer gedroe ginn. D’Weltgesondheetsorganisatioun an d’EU-Kommissioun hunn d’Zil, bis 2030 eng Impfquote vun 90 Prozent fir 15 Joer ale Meedercher an e wesentlech besseren Impfquote fir 15 Joer ale Jongen z’erreechen. Laut Experten ass den Haaptproblem de Mangel un Informatioun. Esou misste méi Informatioun iwwer Gesondheetstheme bekannt gemaach ginn, dëst besonnesch an de Schoulen.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Wéi héich ass aktuell den Taux u Geimpften (opgeschlësselt no Geschlechter an no den Alterskategorië vun 9 bis 14 Joer, 15 bis 20 Joer an iwwert 21) hei zu Lëtzebuerg?
  2. Wéi steet d’Ministesch zum aktuellen Taux u Geimpften hei am Land?
  3. Wat gëtt gemaach, fir méi staark op d’Méiglechkeet vun dëser Impfung opmierksam ze maachen an esou méi en héijen Impftaux ze erreechen?
  4. Ass d’Ministesch a Kontakt mam Educatiounsministère, fir dass och an de Schoule besser iwwert de Sujet vun HPV informéiert gëtt?
  5. Eng Impfung géint HPV méi spéit am Liewen ass zwar net méi grad esou gutt wirkscham wéi wann se virum éischte sexuelle Kontakt virgeholl gëtt, trotzdeem ass eng gewëss Wierkung awer nach ëmmer ginn.Firwat gëtt d’Impfung ab 21 trotzdeem net vun der Gesondheetskeess rembourséiert, fir esou méi e staarken Ureiz fir eng Impfung ze bidden a vill Fäll vu Kriibserkrankungen a Relatioun mat HPV ze verhënneren?

Zesummenhang posts

D’Piraten setzen sech dofir an, dass d’Steieren net méi erop ginn, wann den Index kënnt. D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Aus dëse Grënn
Den Office national de l’enfance (ONE) schafft mat privaten Organisatiounen am Beräich vun dem Kanner- a Jugendschutz zesummen, fir Projeten an Hëllefsmoossnahmen ëmzesetzen.  An
Au Luxembourg travaillent environ 485.000 personnes, dont près de la moitié sont des frontaliers qui viennent travailler chaque jour dans notre pays. Plus de