Centre de compétences

D’Educatioun stellt e kruziale Secteur an all demokrateschem Land duer, fir dass eng Gesellschaft iwwert mëndeg an emanzipéiert Bierger verfüügt. Dozou gehéiert an enger moderner inklusiver Welt och d’Beschoulung vu Kanner mat spezifesche Besoinen oder mat engem Handicap. Et ass indispensabel, dass dës schoulflichteg Kanner a Jonker op ee qualitativ a strukturell gudden Enseignement zréckgräife kënnen. An dësem Sënn sinn d’Centres de compétence en psychopédagogie spécialisée an d’Liewe geruff ginn. No hirer Grënnung hunn d’Aarbechtskonditioune vun den Enseignanten (Professeren esou wéi Léierinnen a Schoulmeeschteren) a vum Personnel éducatif et psycho-social Froen opgeworf.

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro vum 17. Januar 2019 hat den Educatiounsminister drop higewisen, datt a Bezuch op d’Tâche vum personnel socio-éducatif eng déifgräifend Analys vun de legale Kaderen misst virgeholl ginn, fir uschléissend legiferéieren ze kënnen. No iwwer 5 Joer ass dëse Projet viru Kuerzem ofgeschloss ginn. Elo muss d’Ëmsetzung um Terrain beobacht ginn, fir dëse laangwierege Prozess ofschléissend beurteelen ze kënnen.

An der selwechter Äntwert hat den Educatiounsminister 2019 och erkläert, datt d’Tâche vun de Professeurs an de Centres de compétences duerch de Règlement grand-ducal modifié du 24 juillet 2007 portant fixation de la tâche des enseignants des lycées et lycées techniques an d’Tâche vun den Instituteurs duerch de Règlement grand-ducal modifié du 23 mars 2009 fixant la tâche des instituteurs de l’enseignement fondamental gereegelt wier.

  1. Kann de Minister bestätegen, datt aktuell d’Tâche vun de Professeurs an de d’Centres de compétence en psychopédagogie spécialisée nach ëmmer d’selwecht definéiert ass ewéi d’Tâche vun de Proffen an de Lycéeën?
    • Am negative Fall: Wat ass d’Base légale vun der Tâche vun de Proffen an de Centres de compétences?
    • Am affirmative Fall: Ginn ënnerschiddlech Koeffizienter ugewant an der Berechnung vun den Tâche vun de Proffen an de Centres de compétences oder huet all Leçon de Koeffizient 1?
    • Weider am affirmative Fall: Si méiglech Déchargen identesch mat deenen, déi fir d’Lycéeë virgesi sinn? Gëtt et zousätzlech Déchargen, déi net am entspriechende Règlement grand-ducal virgesi sinn? Wa jo, wéi eng sinn dat a wou sinn se festgeschriwwen?
  2. Am Fall, wou et Décharge ginn, op wéi eng Aart a Weis ass festgehalen, wéi vill Déchargen déi eenzel Centres de compétences zur Verfügung hunn?
  3. Kann de Minister bestätegen, datt aktuell d’Tâche vun den Instituteurs an de Centres de compétence en psychopédagogie spécialisée nach ëmmer d’selwecht definéiert ass ewéi d’Tâche vun den Instituteurs am Enseignement fondamental?
    • Am negative Fall: Wat ass d’Base légale vun der Tâche vun den Instituteurs an de Centres de compétences?
    • Am affirmative Fall: Sinn d’Activités dans l’intérêt du fonctionnement de l’école an d’Activités dans l’intérêt de l’enseignement en général an de Centres de compétences déi selwecht ewéi an der Grondschoul?
  4. Si méiglech Déchargen identesch mat deenen, déi fir den Enseignement fondamental virgesi sinn? Gëtt et zousätzlech Déchargen, déi net am entspriechende Règlement grand-ducal virgesi sinn? Wa jo, wéi eng sinn dat a wou sinn se festgeschriwwen?

Zesummenhang posts

D’Piraten setzen sech dofir an, dass d’Steieren net méi erop ginn, wann den Index kënnt. D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Aus dëse Grënn
Den Office national de l’enfance (ONE) schafft mat privaten Organisatiounen am Beräich vun dem Kanner- a Jugendschutz zesummen, fir Projeten an Hëllefsmoossnahmen ëmzesetzen.  An
Au Luxembourg travaillent environ 485.000 personnes, dont près de la moitié sont des frontaliers qui viennent travailler chaque jour dans notre pays. Plus de