“Die Drogenkriminalität in Frankreich eskaliert”.
Esou titelt d’WORT een Artikel vum 4te November 2024. Queesch duerch d’Land wier een Ustieg un organiséierter Kriminalitéit zesumme mam Drogenhandel z’erkennen, wat d’Sécherheetslag vum Land op d’Prouf stellt. Virun engem Joer gouf et och hei op der lëtzebuergesch-franséicher Grenz Situatiounen, wéi zum Beispill d’Schéisserei zu Villerupt oder de Beschoss vun engem RGTR-Linnebus op Mont-Saint-Martin.
- Wéi eng Auswierkungen huet d’Sécherheetslag a Frankräich op eist Land?
- Wéi eng Moossnahmen goufen an de leschten zwee Joren ënnerhol, fir d’Zesummenaarbecht vun der Police a Justiz an der Groussregioun ze verbesseren?
- Wéi eng weider Moossnahmen si geplangt?
- Wäerten d’Gemengen, déi op de Grenze leien, wéi zum Beispill Péiteng, als direkt betraffe Gemengen, an Zukunft méi Beamten kréien?
Fro n°1475