Den 4ten November 2024 zu Koplëscht am HQ
Vun der Parteileedung ware präsent: Arendt Mandy, Frères Daniel, Goergen Marc, Liesch Camille, Remakel Raymond (Präsidium) Bernard Chris, Da Silva Oliveira Bruno, Lomel Ben, Monteiro Teresa, Welter Christian, Couto Paula, Legrand Claude, Heuschling Jean
Visiteuren ouni Stëmmrecht:
Yann Retter, Jil Michels, Tommy Klein
Start : 19h00
Enn : 20:15
Aktuelles
Statutten
Erëffnung vun der Sitzung duech de Koordinator Marc Goergen. Presentatioun vum Tommy Klein, deen d’Statuttenworkshops (3 vu 4) moderéiert huet. Erklärung, dass se gutt verlaf sinn, vill Input komm ass an dass bei deene meeschte Punkten Eenegkeet herrscht.
Propose vum Marc eng Tabell ze maachen, wou déi eenzel Punkte géigeniwwer gestallt gi fir vergläichen ze kenne wat beschwat gouf. Duerno nach e Meeting fir dat ze beschwätzen.
Dezember Kongress?
14ten Dezember am Raum, 9 Auer? Urwal virdrun online ofstëmmen, fir déi Memberen ofzedecken déi och Samschdes de 14te moies net kennen. Bei där Urwal soll een sech och kenne fir déi nei kreéiert Poste mellen
Diskussioun iwwert wéi de Kongress soll ausgesinn, a wéi enger Form soll ofgestëmmt ginn, wat genau soll wéi ofgestëmmt ginn. Wéi vill Versiounen u Statutte sollen um Kongress gestemmt ginn? Sall?
Kompromësspropose: 11/11 an der PL (+ jiddereen aus all Workshop) hybrid treffe fir den Tableau . 25/11 soll PL sech nach emol treffe fir dat nach emol ofzeseenen. 1/12 soll d’Urwal fir d’Statutte sinn (kenne verschidde Versioune sinn). 7/12 soll d’Urwal fir déi nei Kandidaten ugoen, well dann ass d’Tendenz fir den neie Statuttentext kloer. Kongress dann de 14ten Dezember um 9 Auer moies.
Tendenz vun de Membere vun der PL: Mir sollten et sou séier wéi méiglech iwwert d’Bün bréngen, och wann d’Argumenter fir 2 Kongresser Sënn maachen. Fro: Wéi kenne mer op Nummer sécher goen, ob déi Leit déi wielen och bezuelt hunn? Bis nächst Woch sollen d’Bezierker eis Bescheed soe wann se de Kongress wéilte stellen eis Bescheed soen. Ëmkrees 20-30km vun der Haaptstad. Invite Kongress soll spéitstens den 13ten November raus sinn.
Divers
Presentatioun vum Marc wéi eng Sektioun 2024 wéi vill Jetons ofginn huet.
Gemeng (Unzuel u Conseillers/Conseillèren; Kommissiounsplazen)
Bascharage (0;7): 0€
Colmar-Berg (2;0): 0€
Dalheim (1;1): 150€
Differdange (0;11): 327€
Esch/Alzette (0;19): 600€
Hesperange (1;11): 0€
Kayl (1;10): 1.010€
Luxembourg (0;12): 4623,06€
Mondercange (0;16): 0€
Pétange (4;22): 13.297.60€
Remich (1;?): 0€
Sanem (1;13): 5814€
Useldange (1;1): 0€
Vichten (0;0): 772€
Diskussioun doriwwer, wéi an deenen eenzelne Gemengen nach d’Kommissioune verdeelt gi sollen.
Apell, dass falls nach e Mandataire vun eis sollt wëlle wiesselen, et opmannst virdru mat eis soll beschwätze fir dass déi Leit déi schaffe wëllen net sou domm do stinn.