Mir invitéieren dech heimadder häerzlech op eise Landeskongress, deen de Samschden, de 14ten Dezember 2024 um 10 Auer moies an der Maison de la Culture “A Rousen” zu Péiteng stattfënnt.
De virleefege Programm gesäit esou aus
- Begréissung an Erëffnung duerch de Marc Goergen, Koordinator vun der Partei
- Wal vum Kongressbüro souwéi der Walleedung
- Ofstëmmung vun enger grousser Satzungsännerung: den Text fënns du hei drënner.
Ab dem 1ten Dezember organiséiert d’Parteileedung och nach een Online-Vote op eiser Plattform ASAMBLEO. All Member, dee seng Memberskaart bezuelt huet a mindestens 3 Méint Member ass, kritt eng Invitatioun iwwert ahoi@piraten.lu fir ofzestëmmen. - Wann d’Satzungsännerung ugeholl gëtt:
- Wal vu 7 Memberen vun der neier Parteileedung
- Wal vum Koordinatiounsteam (3 Co-Koordinatoren, 2 Tresorieren)
- Du kanns deng Kandidatur fir d’Parteileedung op ahoi@piraten.lu arreechen.
- Ofstëmmung vun aneren Unträg (Dépôt bis spéitstens zwou Woche virum Kongress op ahoi@piraten.lu)
- Divers
- Schlusswuert
- Mëttegiessen (Flatrate)
Fir kënnen um Kongress oder online ofzestëmmen, muss du däi Membersbäitrag vun 10€ fir d’Joer 2024 bezuelt hunn. De Betrag kanns du klassesch iwwerweisen:
Piratepartei Lëtzebuerg asbl
BCEELULL LU67 0019 3255 6480 6000
Kommunikatioun: “Membersbäitrag 2024 + däin Numm”
Du kanns en och mat der Kreditkaart iwwert de folgende Link bezuehlen: cotisation.pp.lu
Nom Kongress wäerte mer eppes op der Plaz iessen.
D’Flatrate fir Iessen a Gedrénks kascht 20€, fir Kanner bis 15 Joer kascht et 10€. Déi kanns du hei einfach per Virement op folgende Bankkonto maachen:
Piratepartei Lëtzebuerg asbl
BCEELULL LU67 0019 3255 6480 6000
Kommunikatioun: “Flatrate Landeskongress 2024 + Unzuel u Kanner an Erwuessener”
Satzungsännerungsvirschlag
deposéiert vum Marc Goergen de 27/11/2024:
D’Zesummefaassung vun der Satzungsännerung
- D’Zil vun der Satzungsännerung ass et, fir d’Transparenz, d’Effizienz an d’Partizipatioun op alle Niveauen an der Partei ze stäerken.
- Eng nei Parteispëtzt:
- de Präsidium wäert duerch eng méi breet opgestallte Parteileedung ersat ginn, déi d’Decisiounen an der Partei zesummen hëllt.
- déi nei Parteileedung setzt sech zesummen aus alle gewieltene Mandatairen, Vertrieder aus der Bezierker, de Jonke Piraten souwéi 7 weidere Memberen, déi um Landeskongress wäerte gewiehlt ginn.
- Um Landeskongress gëtt dann nach ee Koordinatiounsteam aus de Memberen vun der Parteileedung gewielt, déi fir d’Alldagsgeschäft an der Partei zoustänneg ass (Finanzen, Personal, Logistik, Ënnerschreiwe vu Veträg, etc.)
- Responsabel Finanzen:
- d’Partei gëtt sech méi streng Reegelen, wien Suen fir d’Partei däerf ausginn, wéi vill an ënnert wéi eng Konditiounen.
- d’Konten an de Bilan vun der Partei mussen an Zukunft vun enger Fiduciaire kontrolléiert ginn.
- all net budgetiséiert Ausgaben mussen der Parteileedung matgedeelt ginn.
- nëmmen d’Memberen vum Koordinatiounsteam dierfen Gelder vun der Partei engagéieren.
- Memberen vum Koordinatiounsteam dierfe keng Decisiounen huelen, un deenen si ee potenziellen Interessekonflikt hunn.
- Fir déi nohaltëg finanzéierung vun der Partei ze sécheren, wäerten fir Piraten-Mandatairen d’Bäitreeg fixéiert ginn.
- Et wäert ee reduzéierte Membersbeitrag fir Familljen a Studenten agefouert ginn.
- Modern Parteistrukturen:
- d’Schiedsgericht wäert ofgeschaft ginn an a Sträitfäll duerch eng Ethikkommissioun ersat ginn.
- d’Roll vun den Themenbeoptragten gëtt méi kloer.
- bei de Bezierker an de Sektiounen ginn d’Reegelen méi flexibel an all Member kann an Zukunft am Bezierker vu senger Wahl Comitésmember ginn.
- op der anerer Säit kréien d’Bezierker méi kloer Reegelen betreffend der Zesummesetzung vum Comité.
- den Online-Vott gëtt an eiser Satzung mat kloere Krittären verankert.
- Fir d’Wahljoren gëtt d’Partei sech méi präzis Prozeduren, wéi d’Wahlkampagnen an d’Kandidatelëschten mussen organiséiert ginn.