Réimerschatz Parc Husen

Mengen Informatiounen no ass am Eislek, „Om Rank“ an der Gemeng Parc Husen e réimesche Goldschatz fonnt ginn. De Kulturministär hatt, menger Kenntniss no, och well e Finderloun ausbezaalt. 

  1. Kann de Minister bestätegen, datt om Schinker („Om Rank“) an der Gemeng Parc Husen an de leschte fënnef Joer e Goldschatz fonnt ginn ass ? Wa jo, wat genee ass fonnt ginn?
  2. Sënn Ausgraawungen op dëser Plaz gemaach ginn a wéi eng Publikatiounen doriwwer si biswell gemaach ginn ? 
  3. Wat ass den historeschen an Euro-Wäert vam Goldschatz ?
  4. Ass virgeséien, fir d’Thema Réimer am Eislek an Zukunft op Kulturministärniveau méi visibel ze maachen ? Wa jo, op op wéi eng Manéier?

Fro Nummer 1445

Zesummenhang posts

D’Piraten setzen sech dofir an, dass d’Steieren net méi erop ginn, wann den Index kënnt. D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Aus dëse Grënn
Den Office national de l’enfance (ONE) schafft mat privaten Organisatiounen am Beräich vun dem Kanner- a Jugendschutz zesummen, fir Projeten an Hëllefsmoossnahmen ëmzesetzen.  An
Au Luxembourg travaillent environ 485.000 personnes, dont près de la moitié sont des frontaliers qui viennent travailler chaque jour dans notre pays. Plus de