Den 11. Juli 2024 ass den AI Act (EU-Veruerdnung iwwer kënschtlech Intelligenz) no méi wéi dräi Joer Verhandlungen am Amtsblat vun der Europäescher Unioun publizéiert ginn. Den AI Act ass den 1. August 2024 a Kraaft getrueden a gesäit vir, dass d’EU-Memberstaate bis den 2. August 2025 eng Opsiichtsstruktur fir d’national Ëmsetzung festleeë mussen. Bis ewell gouf vun der Regierung, trotz dem knappen Zäitkader, nach kee Projet fir esou eng Opsiichtsstruktur respektiv nach kee Gesetzesprojet fir d’Ëmsetzung vum AI Act virgeluecht. Och e Referentenentworf, un deem Gemengen, Fachkreesser a Verbänn bedeelegt kéinte ginn, ass bis elo net bekannt. Dobäi hänkt et entscheedend vun der nationaler Ëmsetzungsarchitektur of, ob mam AI Act Konditiounen zu Lëtzebuerg entstinn, mat deenen eis Betriber am Beräich KI (kënschtlech Intelligenz) international kompetitiv kënne sinn.
An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:
- Wéini plangt d’Regierung e Gesetzesprojet fir d’Ëmsetzung vum AI Act am Regierungsrot unzehuelen?
- Wéi eng Ministèrë sinn haaptsächlech fir d’Ausaarbechtung vum Gesetzesprojet fir d’Ëmsetzung vum AI Act zoustänneg?
- Wéi soll no Meenung vun der Regierung déi national Ëmsetzungsarchitektur ausgestallt ginn, mat Bléck op déi am AI Act gefuerdert “zoustänneg national Autoritéit”, “notifizéiert Autoritéit” an “Konformitéitsbewäertungsstellen”?
- Soll déi national Opsiicht iwwer den AI Act an d’Maartiwwerwaachung vun der selwechter Autoritéit iwwerholl ginn oder mussen dës Aufgaben no Meenung vun der Regierung institutionell getrennt ginn?
- A wéi enge Beräicher ass déi national Ëmsetzungsarchitektur no Meenung vun der Regierung duerch d’Reegelen am AI Act scho kloer festgeluecht an a wéi enge Beräicher bestinn dogéint national Spillraim?
- Gi scho Gespréicher tëscht der Regierung an dem europäeschen AI-Office an dem europäeschen AI-Board gefouert betreffend d’Ausgestaltung vun der nationaler Ëmsetzungsarchitektur?
- Wéi gedenkt d’Regierung sécherzestellen, dass d’Ëmsetzungsarchitektur esou schlank wéi méiglech gehale gëtt an d’Zil erreecht ka ginn, de Betriber en effizienten One-Stop-Shop zur Verfügung ze stellen?
- Wéi gedenkt d’Regierung sécherzestellen, dass déi national Ëmsetzungsarchitektur esou konstruéiert ass, dass eng kohärent Transmissioun zu de komplexen Opsiichtsstrukturen fir den AI Act op EU-Niveau reiwungslos funktionéiere kann?
- Wat fir eng Roll soll no Meenung vun der Regierung bannent der Ëmsetzungsarchitektur dem Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) zoukommen?
- Wat fir eng Roll soll no Meenung vun der Regierung bannent der Ëmsetzungsarchitektur der Commission nationale pour la protection des données (CNPD) zoukommen?
- Huet d’Regierung an hirem Budgetsentworf fir 2025 scho Mëttelen a Plaze fir den Opbau vun der nationaler Ëmsetzungsarchitektur vum AI Act virgesinn?