Kontrolle vun der ITM – Nofro

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro N°1275 vum 2. Oktober 2024 erkläert den Aarbechtsminister, datt d’Dispositioune vum Code de procédure pénale net fir d’Inspektere vun der ITM gëllen. Amplaz géifen d’Konventiounen N°81 an N°129 vun der OIT souwéi d’ITM Kader-Gesetz applizéiert ginn. Dës géifen den Inspekteren erlaben, all Fro un d’Employeuren an d’Salariéen ze stellen, ouni datt si mussen op hir Rechter opmierksam gemaach ginn.

D’Charte vun de Grondrechter vun der Europäescher Unioun, d’Europäesch Mënscherechtskonventioun an eis Verfassung garantéieren awer fundamental Rechter, dorënner d’Recht sech net selwer ze belaaschten. Dëst Recht gëllt prinzipiell bei all staatlecher Enquête, déi zu enger Strof féiere kann. D’ITM huet d’Kompetenz fir Sanktiounen ze verhänken an och Procès-verballen un de Parquet weiderzeleeden.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Deelt d’Madamm Minister d’Interpretatioun vum Aarbechtsminister, datt d’Konventioune vun der OIT d’Grondrechter vun de Betraffenen aschränke kënnen?
  2. Wéi ass dës Approche mam Artikel 47 vun der EU-Grondrechtscharta an dem Artikel 6 vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun vereinbar?
  3. Ass d’Madamm Minister net och der Meenung, datt eng Persoun, déi vun der ITM befrot gëtt an där hir Aussoen zu enger Strof féiere kënnen, d’Recht huet, sech net selwer ze belaaschten an dëst Recht och matgedeelt kréie muss?

Zesummenhang posts

Mengen Informatiounen no ass am Eislek, „Om Rank“ an der Gemeng Parc Husen e réimesche Goldschatz fonnt ginn. De Kulturministär hatt, menger Kenntniss no,
Den 11. Juli 2024 ass den AI Act (EU-Veruerdnung iwwer kënschtlech Intelligenz) no méi wéi dräi Joer Verhandlungen am Amtsblat vun der Europäescher Unioun
Leit, déi bei der ADEM eng Aarbecht sichen, kënne Formatioune maachen, fir esou hir Chancen op eng Aarbechtsplaz z’erhéijen. D’Käschte vu verschidde Formatioune ginn