DDoS-Attacken op staatlech Websäiten

“Als Reaktioun op déi weltwäit ëmmer weider zouhuelend Menace vu gréisseren DDoS Attacken, huet déi viregt Regierung 2018 decidéiert een nationalen DDoS Scrubbing Center ze schafen an deen ass och säit Enn 2020 voll operationnell.” 
Dëst huet d’Regierung op an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°544 bestätegt.

Am Mäerz dëst Joer gouf et eng DDOS-Attack, wou ënnert anerem d’Website vum CTIE attackéiert gouf. Wéi an der Press ze liesen ass, gouf et den 23ten Oktober op Neies eng Cyber-Attack, dës Kéier op d’Website vun der Regierung an dem 112.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wéi vill Cyber-Attacke goufen zënter 2020, opgeschlësselt pro Joer, vum DDos Scrubbing Center erkannt? Wéi vill goufen ofgewiert a bei wéi Attacken hunn een Impakt (z.B. Websäiten, déi net accessibel sinn) hannerlooss?
  2. Wéi eng Moossnahmen goufen zënter der Attack am Mäerz 2024 ënnerholl, fir d’Verdeedegung géint Cyberattacken ze verbesseren? 
  3. Aus wéi enge Grënn konnten d’Websiten vum 112 an der Regierung elo am Oktober trotzdeem lahm geluecht ginn? 
    Wat ass geplangt, fir dëst an Zukunft ze verhënneren?

Fro Nummer 1428

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene