TICE: manner Salaire vun haut op muer

D’FGFC mellt an engem Communiqué, dass d’Prime astreinte fir verschidde Mataarbechter beim TICE wäert ewechfalen. Zitat:

“Fakt ass, dass 110 Mataarbechter beim TICE déi besote Prime verléieren, déi zanter 1978 un dat ganzt Personal ausbezuelt gouf. D’Mataarbechter goufen ënnert dëse Konditiounen agestallt an hunn hiert Liewen do drop opgebaut. Hei geet et ëm eng pensionabel Primm vun 22 Punkten (aktuell 512,05 € brutto), déi d’Mataarbechter ab November 2024 all Mount verléieren. 

Et handelt sech och net nëmmen just ëm Mataarbechter aus dem Atelier an der Administratioun. Vun deene ronn 110 Mataarbechter si majoritär Agents de transport betraff – 44 Buschaufferen, déi am Moment krankheets bedéngt reklasséiert sinn. De Statut vun de Gemengebeamte schreift vir, dass dës Primm un d’Karriär gebonnen ass. De Maître Bauler, Affekot vun der FGFC an Expert am Gemengesecteur, bezitt kloer Stellung, dass dëst net rechtens ass.

[…] D’FGFC huet och beim Minister Gloden intervenéiert fir matzedeelen, dass et bedenklech ass, dass säin Finanzcontrôle ronn 45 Joer brauch fir déi anscheinend Illegalitéit festzestellen an et dann och nach keen Dialog gëtt fir eng adaptéiert Léisung ze fannen.”

Am Procès-verbal vum Suessemer Gemengerot vum 18ten Oktober 2024 hunn déi Gemengeresponsabel behaapt, dass den Inneministère op eegen Initiativ beim TICE Syndikat 2021 agegraff huet, fir déi Primm net méi auszebezuelen.

  1. Bleift den Inneminister bei der Entscheedung, deene Leit beim TICE déi Prime d’Astreinte ewechzehuelen?
  2. Kéinten déi Leit iwwert en anere Mechanismus hire Gehaltsverloscht kompenséiert kréien? 

Fro n°1420

CHD-Verlaf

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt