Verscholdung bei jonke Leit

D’LU-HFCS Etude vun der Banque centrale du Luxembourg weist eng bedenklich Entwécklung vun der Verscholdung bei jonke Leit op. D’Studie weist datt d’Duerchschnëttsverscholdung (ouni Hypothéik) bei de 16-34 Järegen tëscht 2017 an 2021 vu 25.800€ op 45.300€ geklommen ass. Dëst bedeit eng Hausse vu bal 76% bannent 4 Joer.

Dës Hausse ass besonnesch besuergneserreegend well se sech mat der Inflatioun an de steigenden Zënsen an de leschte Joren nach méi staark op déi betraffe Stéit auswierke kann. D’Erfarung aus anere Länner, wéi zum Beispill aus Éisträich, weist datt dës Situatioun zu enger verstäerkter Unzuel u Privatinsolvenzen ënnert jonke Leit féiere kann.

  1. Ginn et méi granular opgeschlësselt Zuele fir Jonker?
  2. Wéi eng Moossnamen huet d’Regierung an de leschten 3 Joer geholl fir d’Finanzkompetenz vu jonke Leit ze stäerken?
    • Wéi eng spezifesch Programmer goufen et?
    • Wat waren d’Käschte vun dëse Programmer?
    • Wéi vill Leit hunn un dëse Programmer deelgeholl?
  3. Gëtt et staatlech ënnerstëtzte Berodungsstelle fir jonk Leit mat Scholden?
    • Wa jo, wéi eng sinn dat?
    • Wéi vill finanziell Ënnerstëtzung kréien dës Stelle vum Staat?
    • Wéi vill Leit hunn an de leschten 3 Joer op dës Servicer zréckgegraff?
  4. Plangt d’Regierung nei Moossnamen am Beräich vun der Preventioun vu Jugendverscholdung?
    • Wa jo, wéi eng?
    • Wa jo, wéi eng Budgeten si virgesinn?
  5. Gëtt et eng zentral Statistik iwwert d’Unzuel vu jonke Leit ënner 35 Joer déi a Privatinsolvenz sinn?
    • Wa jo, wéi huet sech dës Zuel an de leschte 5 Joer entwéckelt?
    • Wann nee, firwat gëtt esou eng Statistik net gefouert?
  6. Wéi schätzt d’Regierung d’Auswierkunge vun Inflatioun an Zënsëmfeld op déi aktuell Verscholdungssituatioun bei jonke Leit an?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene